Borne Chargy
Chargy Luedestatioun zu Ell
Coordonnées GPS: 49.763329, 5.852650
Natierlech wäert d' E- Mobilitéit nit all Problem vun eiser moderner Gesellschaft léisen. Natierlech wäert och kee Stau duerch den E- Auto verschwannen. Sécherlech stellt d' Hirstellung, de Recycling vum Elektro Auto, souwéi d' Produktioun vum Stroum immens grouss Erausfuerderungen.
Mee mir sinn der Meenung, dass déi fossil Brennstoffer keng Zukunft wäerten hunn, a mir begréissen aus dem Gronn déi 1. ëffentlech Luede Statioun um Terrain vun der Gemeng Ell.
(Nach besser wéi de motoriséierten individuelle Verkéier ass natierlech déi aktiv Mobilitéit an den ëffentlechen Transport.)
Dir fannt all weider Informatiounen am Dépliant an der Annexe.